Fir Mech, fir Dech, fir Eis, fir Jiddereen!

Jonk Kanner gin bei eis vun formeierten volontären Chefen (Moniteuren) encadreiert. Sie stärken d’Kanner an dei Jugendlech an Beraischer wei Selbstännegkeet, Naturkentnisser, Selbsterfahrung an Teamwork. Sou leieren se Aktiviteiten selbstänneg ze plangen an durchzefeieren. Dest alles helleft hinnen sech ze entweckelen an hinnen esou Wessen an Ideen fir d’ganz Liewen matzegin.

Gëff och Du Scout!

1907 gouf daat eischt Scoutsmouvement vum Robert Baden-Powell gegrennt. Säitdeem ass de Guiden a Scouts Mouvement gewuers an gewuers…
Hautzudags gin et nemme 6 Länner op der Welt, dei keng Scouts- / Guidengruppen hun!

Nierwend villen flotten Aktiviteiten hues de d’Meigelechkeet nei Kulturen an Länner kennen ze leieren, dech mat aaneren Scouten / Guiden auszetauschen, deng eegen Erfahrungen an der Natur an an villen aaneren Aspekter ze maachen, dei dech stärken an dir hellefen dain Wee ze fannen an ze goen!

Bass de prett fir den Challenge?